Revue Technique 2/2009

Deckblatt RT 2/2009Spéidestens gëschter missten die meescht Memberen vun der ALIAI, rsp. vun enger vun den Ennerorganisatiounen ALI, OAI oder Tema die neisten Revue Technique  an hierer Bréifboîte gehaat hunn. D’Nummer 2/2009 guff, wéi och schon d’Nummer 1/2009 vum Constant Colling, dem kommissarische Chefredakter zesummegestallt.

An deser Nummer guff fir d’éischte Kéier op eng nei Virgehensweis zréckgegraff: Aus Käschtegrënn kann d’ALIAI nit méi all Artikel a voller Längt drécken. Dofir huet de Lecteur awer d’Méiglichkeet fir de ganzen Artikel hei op desem Site ze konsultéieren (a sëch ggf. erauszedrécken).

Onglécklicherweis huet d’Dréckerei eis Virgaben leider nit zu 100% ëmgesaat. Sou steet z.B. op Säit 66, een Link mat dem een Här Lutgen säin Artikel iwert Tisane d’artemisia annua soll kënne konsultéieren. Leider guff d’Fragezeichen ënnerschloën, korrekt misst de Link folgendermossen heeschen:

http://www.aliai.lu/?p=793