"Erausgepicktes" aus ènger kuerzer Rondrees am Kulturjoer 2007 a Rumänien

  • Bucarest a Pitesti gehéieren zur WALACHEI,
  • Sibiu, Sighisoara, Brasov, leien an TRANSYLVANIEN op engem Héich-Plateau déisäit de Carpaten,
  • a Sinaia leit matzen an de Bierger vun den Carpaten och nach a SIEWEBIERGEN


Manuc-Beï

Manuc-Beï


Mir landen zu

BUCAREST

Rumänien wor a senger Geschicht vun Tiërken, Esträicher, Deitschen a Soviets besaat.

Architektonësch Spuren dovun sin

  • eng ottomanesch Caravanserei (auberge Manuc-Beï)
  • monumental öffentlech Gebeier, ganz oft och vu franséischen Architekten
    • National Theater,
    • Rumäneschen Athénée,
    • Palais Royal,
    • Justizpalast,
    • Bibliotheik vun der Uni
    • Musée Enescu

  • Arc de triomphe

    Arc de triomphe


  • vu rumäneschen Architekten, neo-rumänesche Styl:
    • Schoulen,
    • hôtels particuliers,
    • Märeien
  • aus der Zeit vum Stalin: dei fréier Casa Scânteii
    • de Palais vum Parlament
    • , d’orthodoxesch Kirch
    • d’Platz vun der Revolutioun mam Monument vun der Revolutioun, den « open air » Musée du Village
  • dei pittoresk avenue Vitoriei ass e gud Beispil dat weist dat d’Rumänen op der Sich sin no allem wat « up to date » ass.

    Mir hun zu Fouss besicht :

    palais-du-parlement.jpg orthodox-kierch.jpg place_de_la_revolution.jpg place_de_la_revolution2.jpg
    weberei_interieur.jpg open-air_village.jpg open-air_village2.jpg
    Photoen: Aloyse Neu, Diane a Raymond Bintz

    Mir fueren durch déi wéit Ebene vun der Donau, iwert déi enzeg Autobunn, durch d’Walachei op

    PITESTI


    Logo Renault Dacia


    Photo vum Aloyse Neu

    Mat Hëllef vun Renault Luxembourg, der rumänescher Ambassade, dem rumänesche Ingénieursverein an dem Präsident vun der ROSA konnt èng Visite vun der gréister Automobilsfabrik a Rumänien organiséiert gin.

    DACIA / RENAULT

    Ganz zéitgeméiss a komplett ass d’ virtuel Visite um www.daciagroup.com

    No Norden stousse mer durch d’Carpaten op den Héich-Plateau vum der transylvanëscher Welt

    SIBIU

    Den Ingenieursverein zu Sibiu, déi aner Europa Kulturhaaptstad am Joer 2007, virun der CASA LUXEMBURG

    STUNDTURM Casa Luxembourg
    Photo vum Diane a Raymond Bintz

    Am Hotel begéine mer eng jonk rumänesch Famill déi eppes ewéi Lëtzebuergesch schwetzen .

    Wéi mir vu Sibiu op Sighisoara gefur sin, lanscht kilometerlang Industriefrischen, hu mir an èngem klèngen Industriestiëdchen eng Rakéit als Denkmal gesin do stoen: mir waren zu MEDIAS. Hei ass 1928 den éischte Rakéitemotor gelaf, an 1935 déi éischt Flëssegbrennstoff-Rakéit lancéiert gin. Et ass hei d’Wéi vun der Rakéitentechnik an der Raumfahrt!

    SIGHISOARA

    STUNDTURM


    photo vum Aloyse Neu

    STUNDTURM 64 m héich, 6 Etagen, 110 Träpplecken , Musée vun der Geschicht vun Sighisoara mat ènger ingénieursméisseg wertvoller Sammlung vun de biografeschen Haaptmomenter an dem Wiërk vum Physiker Hermann OBERTH, den zu Sibiu gebuer ass, an zu Medias experimentéiert huet.

    Zu Prejmer an der Kirchebuerg féiert eis eng Madam déi eppes ewéi Lëtzebuergesch schwat huet


    BRASOV

    Am Num vum eisem Member Venant KRIER, Direkter vun ASTRON BUILINGS S.A.(www.astron.biz) empfänken eis di Hären Catalin Panazan ( Representative Office in Romania ) a Mauro Picco ( Diekirch/Luxembourg ) an zeechnen an zwee fir Ingénieuren ganz opschlossräiche Virträg d’Aktivitéiten weltwäit an a Rumänien vun ASTRON BUILDINGS SA op.

    Den Dag drop ass d’Visite vun AUTOLIV ( www.Autoliv.com). Daat hech automatiséiert Wierk an deem Secherheetsgurten nom allerleschte Stand vun der Technik hirgestalt gin.( SHINGO PRIZE for exellence in manufactering ) logéiert an enger Hall déi vun ASTRON BUILDINGS S.A. gebaut gouf.

    2 Photoen vum Jean-Baptiste Wagner
    virun der Entree Op der Traap
    virun der Entrée vun AUTOLIV :-Catalin, 4.vu lenks -Mauro, 3.vu riets no der Visite an der Trap: – Catalin, 1.vu lenks – Mauro, 3. vu riets

    SINAIA

    an de Bierger vun de Carpaten schengt d’Sonn an den Himmel ass blo

    2 Photoen vum Jean-Baptiste Wagner
    Klouschter Sinaia Klouschter Sinaia Klouschter Sinaia
    KLOUSCHTER vu Sinaia


    Photen vum Diane a Raymond Bintz

    Neu a Wagner virum Schlass vu Peles


    SCHLASS PELES
    Photo vum Jean-Baptiste Wagner

    BUCAREST

    Als Ofschlosss

    Rumänsche Folklordanz op Rumänesch Folklormusek


    Photo René Hoffmann

    Rumänsche Folklordanz op Rumänesch Folklormusek- natierlech nët ze verwiësselen mat Zigeinermusek

    De rumäneschen Ambassadeur zu Letzebuerg recommandéiert:

    ( Instrumental Romanian Folk Music 6 CD’s România 2006 Star Media Music poz.catalog 034 )
    – kann ee gäre vum Veréin geléint kréien

    Wéi Agangs gesoot, ass dat häi eppes « Erausgepicktes ». Et ass de Versuch fir ze behapten dat dem Ingénieur säin Beitrag an der Gesellschaft « partie intégrante » vun der Kultur ass, wat vun de Guiden déi e Group begleeden, meeschtens net esou gesi gët. Esou hate mir d’Eier fir eis charmant Guidinen mat bei DACIA ze huelen an hinnen eppes aus hirem Land ze weisen wat si nach nët gesin haten.

    Mir sin op eiser Rees largement op eis Keschte kom wat Architektur, Molerei, Skulptur, Religiounen, Artisanat, kierchlech a weltlech Musëk…an, durch de Besuch vun DACIA an AUTOLIV, och wat déi industriell Aktivitéiten a Rumänien ubetreft. Et war domat eng réusséiert Kulturrees!

    Wann dese Site bis säi geplangten, neit Format huet, wärd Dir villäicht d’Megelechkeet hun ärer Photoen a Kommentaren derbäi ze setzen.

    Cos